arrow_back_ios
Aktuelles
Klimawandel a Sécherheetspolitik
Op den éischte Bléck hunn de Klimawandel a militäresch Froen net vill mateneen ze dinn. Lescht Woch ass zu Lëtzebuerg e Rapport presentéiert ginn, dee sech awer genee mat dëser Schnëttstell auserneesetzt. International Militärexperte sinn der Fro nogaangen, wéi a wou de Klimawandel zu Konflikter tëschent Mënschen a Staate bäidroe kann. Si hunn och ënnersicht, wéi eng Roll d'Arméien am Kampf géint de Klimawandel kënne spillen. Detailer vum Stephan Polet.