arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Ikon vun der Klarinett
De Mozart war mam Klarinettist Anton Stadler befrënnt, de Johannes Brahms mam Richard Mühlfeld, de Carl Maria von Weber mam Virtuos Heinrich Joseph Baermann. Aus deene Frëndschafte gouf vill Repertoire fir d'Klarinett geschaf. Verschidde Partiture sinn haut net just fir Klarinettisten e Muss, mee se si mëttlerweil och zu Favoritte vum Publikum ginn. De Klarinettist Heinrich Joseph Baermann war awer och e Komponist, deen déi romantesch Klarinett initiéiert huet. De Museker ass op Vältesdag 1784 gebuer.