Aktuelles
Digital Explorer
Den Educatiounsminister Claude Meisch an den Aarbechtsminister Dan Kersch hate gëschter op d'Konferenz Digital Explorer an d'House of Startups invitéiert, wou Jonker an Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerger Entreprisen hir Visioune vun zukünftege Beruffer virgestallt hunn.
D'Digitalisatioun verännert net nëmmen Aarbechtsprozesser, mee bréngt och ganz nei Beruffer op den Aarbechtsmaart. Mam Projet Digital Explorer versicht CARE Lëtzebuerg dës Evolutioun ze thematiséieren, andeems Jonker an Entreprisen eng Zukunftsvisioun vun esou Beruffer zesummen ausschaffen. De Frédéric Haupert, Direkter vu CARE Lëtzebuerg erkläert, wéi de Projet entstanen ass a mécht och en Appell u Lëtzebuerger Entreprisë fir matzeschaffen.