arrow_back_ios
Kultur
D'Fotografin Véronique Kolber als Locationscout fir e fiktive Film
Mat hire Fotoen hat d'Véronique Kolber zu Lëtzebuerg séier Succès. Scho kuerz nom Ofschloss vun hire Fotografiestudien zu Bréissel an zu Stroossbuerg 2005 ass si vum Centre national de l'audiovisuel als jonkt Talent gefouert an ënnerstëtzt ginn. Ma op eemol ass et méi roueg ginn, an den Numm Véronique Kolber ass manner am Zesummenhang mat der Konscht- ma éischter mat der Hochzäits-Fotografie gefall. Elo presentéiert d'Véronique Kolber eng Monographie am Cercle Cité. D'Kerstin Thalau war do.