Aktuelles
Lëtz Cybersecurity Challenge 2020: Talenter gi gesicht
Bis 2022 ginn europawäit 350.000 Cybersecurity Experte gebraucht! Zesumme mat verschidde Partner, an op Initiativ vum Ministère de l'Économie, lancéiert den Cybersecurity Competence Center (C3) déi zweet Editioun vum Lëtz Cybersecurity Challenge (LCSC).
Den Challenge adresséiert sech haaptsächlech u Jonker bis 25 Joer an huet virun allem als Zil, Talenter am Beräich vun der Cybersécherheet ze fërderen. Doriwwer eraus gëtt un Hand vun Datesécherheetsfroen virsiichtegt Online-Behuelen promovéiert. Iwwer den LCSC gëtt ausserdeem eng Ekipp identifizéiert, déi am November 2020 de Grand-Duché um European Cybersecurity Challenge (ECSC) zu Wien wäert vertrieden.