Aktuelles
Bilan Immigratioun
D'Logéiere vun Asyldemandeure a vun unerkannte Flüchtlinge bleift e Problem hei am Land. Dat war eng Feststellung gëschter, bei der Presentatioun vum Bilan 2019 a Saachen Asyl, Immigratioun an Accueil, duerch den zoustännege Minister Jean Asselborn (LSAP).
Fir den Hebergement vun den Demandeurs de protection internationale ass zanter Ufank vum Joer den Office national de l'accueil zoustänneg: fir dëst Joer huet dësen ONA e Budget vu bal 77 Milliounen Euro. Am Ganze ginn et de Moment 55 Hebergements-Strukture mat ronn 4.000 Better an 32 Gemengen.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.