Aktuelles
SREL-Dokumenter 1960-2001: "keng massiv politesch Spionage"
D'Historiker-Analys iwwer déi historesch Geheimdéngscht-Datebanke gouf gëschter presentéiert a publizéiert.
Beweiser fir eng massiv politesch Spionage an de Joren 1960 bis 2001 hätt een net fonnt, esou d'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler. Et wieren awer Tracë vun Ecoutten an Iwwerwaachunge fonnt ginn, déi mam Kommunismus zu Lëtzebuerg ze dinn haten.
Bei deem wat analyséiert gouf, wiere keng Dokumenter zur Bommeleeër-Affär fonnt ginn, wuel awer Tracen zur geheimer NATO-Organisatioun Stay behind, esou d'Historiker.
Weider Detailer vum Serge Kesseler.