arrow_back_ios
Aktuelles
Ekologesch a sozial gerecht Transitioun? Bierger schwätze mat
D'Fro vun der sozialer Gerechtegkeet steet am Mëttelpunkt vun den Diskussioune ronderëm d'Klimakris: Dat souwuel global wéi och national. Ronn 60 Leit hu sech op enger rezenter Biergerversammlung zesummefonnt, fir zu dëser Thematik kollaborativ u Léisungsvirschléi ze schaffen. Organiséiert gouf dëst ënner anerem vum Center for Ecological Learning - mam Zil, d'Bierger ze mobiliséieren a sech de komplexe Froe ronderëm Klimagerechtegkeet ze stellen. D'Rahel Könen war mat dobäi.