Aktuelles
Steierausgläich: Reaktioun vun der Corinne Cahen
Lëtzebuerg géif scho lauter Infrastrukturprojeten an der Groussregioun ënnerstëtzen, déi de Bierger vun de Grenzgemengen zeguttkommen. Esou reagéiert d'Ministerin fir d'Groussregioun, d'Corinne Cahen, op d'Fuerderung vum Metzer Buergermeeschter Dominique Gros vu viru bal dräi Wochen hei op der Antenn. Dësen hat gefrot, datt Lëtzebuerg 2.000 Euro am Joer pro Frontalier u Frankräich bezuele sollt. Déi Sue sollten de Grenzgemengen zeguttkommen, an deenen e groussen Deel vun den Awunner zu Lëtzebuerg schafft. Detailer vum Stephan Polet.