arrow_back_ios
Aktuelles
Waringo-Rapport weist Problemer op méi Niveauen
De Spezial-Rapport vum Jeannot Waringo iwwer de groussherzoglechen Haff weist net just Problemer bei der Personal-, mee och bei der Finanzgestioun. D'Responsabilitéit fir déi schlecht Personalgestioun läit dem Rapport no kloer bei der Grand-Duchesse Maria Teresa. Well si just representativ Funktiounen huet, proposéiert de Rapport si aus dem Organigramm vum Haff ze sträichen. D'Michèle Sinner mat Detailer.