Aktuelles
Si on en parlait?
Jonk Leit aus dem Escher Jugendhaus hunn eng Ausstellung ausgeschafft iwwer d'Renconter mam Paul Soboll, deen d'Konzentratiounslager Auschwitz iwwerlieft huet, an iwwer eng Rees an d'Konzentratiounslager.
Dokumentéiert an der Expo ass och d'Renconter mam Mourad Benchellal, deen zwee Méint an engem Trainingscamp vun Al-Qaïda war an dono iwwer zwee Joer am Prisong Guantanamo Bay Camp "wéinst Combattant illegal" agespaart war.
D'Expo weist nach aner Beispiller zum Theema - Si on en parlait? - deene Jonker all Dag ausgesat sinn: Mobbing, Videosspiller, Drogen an Diskriminatioun.
Ze gesinn nach bis den 1. Mäerz 2020 am Musée de la Résistance zu Esch.