arrow_back_ios
Aktuelles
Eng Woch zum Theema Brout
D'ASBL Slow Food Grand-Duché organiséiert dës Woch Konferenzen a Kanneraktivitéiten zum Theema Brout. D'Brout wiere fréier eent vun de wichtegste Liewensmëttel gewiescht, esou d'Presidentin Sylvie Ferrari, aktuell géif et awer net méi esou dacks konsuméiert ginn, well och d'Qualitéit nogelooss hätt. Mat der Theemewoch wéilt een d'Brout nees rehabilitéieren.