Commentaire
Schottland nom Brexit
Dëse Freideg, um 11 Auer owes Lokalzäit, verléisst Schottland d'EU, zesumme mam Rescht vu Groussbritannien an Nordirland. Dat "géint de Wëlle vum Schottesche Vollek"; sou d'Wierder vun der schottescher Regierungscheffin Nicola Sturgeon. Schottland hat 2016 mat enger Majoritéit vun 62 Prozent géint de Brexit gestëmmt. Et ass also keen Zoufall, datt déi schottesch Regierung um Dag vum Brexit hir Pläng fir en zweeten Onofhängegkeetsreferendum ukënnege wëllt. Vu Glasgow, eng Analys vum Martin Schauss.