arrow_back_ios
Aktuelles
"Act Now and Speak Up": Jonk Europäer engagéiere sech politesch
Jonk Leit aus eelef europäesche Länner hu sech zu Lëtzebuerg zesummefonnt fir politesch aktiv ze ginn. Dat um sougenannte Western Model European Parliament: Eng Simulatioun vum Europäesche Parlament, déi Jonker dozou beweegt zesummen ze diskutéieren a potentiell Léisunge zu akute Problemer auszeschaffen.