arrow_back_ios
Aktuelles
Neien Ulaf fir d'Faillitte-Recht ze moderniséieren
An der Chamber gëtt zanter dëser Woch erëm méi intensiv un der geplangter Moderniséierung vum Faillitte-Recht geschafft. Een éischte Projet war schonn Ufank 2013 deposéiert ginn. Vertrieder aus der zoustänneger Sous-Commissioun vun der Justiz-Kommissioun hoffen, datt een iwwerschaffte Projet virum Enn vun dëser Legislaturperiod 2023 ka gestëmmt ginn, wéi si dem Serge Kesseler am Interview gesot hunn.