Aktuelles
"Déi schlëmmst Zoustänn, déi ech an aacht Joer gesinn hunn"
De Kampf géint déi australesch Bëschbränn geet weider. Viru ronn fënnef Méint hunn dës am Norde vum Bundesstaat New South Wales ugefaangen: Zanterdeem zitt d'Feier ëmmer weider erof an de Süde vum Land. Déi australesch Autoritéite ginn dovun aus, datt an de ronn zéng Milliounen Hektar Land, déi bis Dato ofgebrannt sinn, op d'mannst 25 Leit an eng Billioun Déieren ëm d'Liewe koumen. Ënnerstëtzung kréien déi australesch Pompjeeën och vun Truppen aus Neuseeland, Kanada an den USA. Am Gespréich mam Rahel Könen erzielt den australesche Pompjee Tony Donges, datt d'Aarbecht nach laang net eriwwer ass.