Aktuelles
De Businessplang vu Luxgovsat ass bis elo net opgaangen
Virun zwee Joer gouf de Satellit fir militäresch Kommunikatiounszwecker GovSat-1 lancéiert. Elo stellt sech eraus, datt dem deemolege Verteidegungsminister Etienne Schneider seng Iddi, fir d'Militärdepensen am Kader vun de NATO-Verpflichtungen a Wirtschaftsfërderung ze verwandelen, net opgeet wéi geplangt. Ouni de GovSat wieren d'NATO-Virgabe wäit verfeelt ginn. Mee d'Bedreiwerfirma LuxGovSat huet bis ewell kee Client ausser der Lëtzebuerger Regierung. Datt LuxGovSat e Public-Private-Partnership tëschent dem Staat an der Satellittegesellschaft SES ass, bréngt méi wéi ee Problem mat sech. Hannergrënn vum Michèle Sinner.