Aktuelles
Richtungssträit oder verschidde Stréimunge bei der ADR?
Wéi e Message riicht den ADR-President den Owend un d'Parteimemberen, nodeem neie parteiinterne Sträit ëffentlech gi war, an et zu Demissioune koum? Déi Alternativ Demokratesch Reformpartei huet haut hiren Neijoerschempfank um Cents. De Jean Schoos wäert do eng Ried halen.
Den ADR-Parteipresident hat am Dezember kritiséiert, datt déi deemoleg Partei-Vize-Presidentin Sylvie Mischel mat hirem vill diskutéierte Facebook-Post eng Grenz iwwerschratt hätt.
Der Sylvie Mischel hire Partner, de fréieren ADR-President Fernand Kartheiser hat no de Reaktioune vum Jean Schoos a vum Generalsekretär Alex Penning personell Konsequenze gefuerdert. ZAnterhier geet erëm verstäerkt vun engem Richtungssträit bei der ADR rieds.
Hannergrënn vum Serge Kesseler.