Aktuelles
Protester am Nordirak, de Kaméidi ënner der Uewerfläch
Schonn zanter iwwer 100 Deeg demonstréieren d'Mënschen am Irak géint hir Regierung. Aktiviste fäerten, datt de Konflikt deen zouhëlt tëschent dem Iran an den USA op irakeschem Buedem hir Demanden an den Hannergrond verschwanne léist. Esou goufen et leschte Freideg erëm Demonstratiounen zu Bagdad an an de schiitesche Provënzen aus dem Süden. Och an de sunnitesche Provënzen am Nordirak wëllen d'Meschen de politesche Wiessel, wat op eng rar Eenheet ënner dem irakesche Vollek hindeit. D'Charlotte Bruneau huet sech mat engem Aktivist an der Stad Mosul am Nordirak ënnerhalen, deen erkläert, wisou d'Mënschen aus dem Norden net esou vill op d'Strooss kënne goe wéi an der Haaptstad Bagdad.