Aktuelles
Nationale Service fir Ëmweltmedezin
D'Ëmsetzung vum geplangten nationale Service fir Ëmweltmedezin ass nach am Ufankstadium, seet den Direkter vum CHEM. De Koalitiounsaccord gesäit dëse Service vir. Viséiert si Patienten, deenen hir Krankheet mat Ëmweltfacteure wéi zum Beispill chemesche Substanzen a Verbindung bruecht gëtt. Well de Service an eng speziell Unitéit vum geplangte Südspidol vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch soll kommen, soll de CHEM bannent 18 Méint ënner anerem een detailléierten Ëmsetzungsplang ausschaffen. Den Ament stelle sech nach eng ganz Partie Froen. D'Françoise Keller mat Detailer.