Aktuelles
Kanner-Jugendtelefon: neie Video Projet
7 min
"Kee Mënsch kënnt d'Nummer vum Kanner-Jugendtelefon 1 1 6 1 1 1. D'Kanner a vill Jugendlecher wëssen net, datt si hei anonym uruffe kënnen, an och den Elterentelefon ass net genuch bekannt. Wa kee Mënsch si kënnt, da brauch ee se och net, mee dat ass falsch, si gi gebraucht "
seet d'Tessy Antony de Nassau, déi de Patronage vun dësem "Super-Projet" iwwerholl huet.
Gewise ginn an nogestallten Zeene Situatiounen, mat deene Kanner a Jugendlecher Dag fir Dag konfrontéiert sinn: Mobbing, sozialen Drock an der Grupp oder de permanente Sträit vun den Elteren doheem.