Commentaire
Dem Donald Trump seng Aussepolitik mécht net vill Sënn
3 min
Nom déidlechen amerikaneschen Ugrëff op den iranesche Militärchef Qassem Suleimani ass d'Regioun vun Ongewëssheet gepräägt. E Revanche-Ugrëff op amerikanesch Militär-Installatiounen ass vum Iran annoncéiert. Eng Äntwert dorop vun den USA, an engem Krich mam Iran stéing net méi vill am Wee. Mee wéi ass et dozou komm? Firwat mécht den US-President Donald Trump wat hie mécht, an ass et eng Strategie oder kËnnt alles op dem President seng Laun un? Eise Washington-Korrespondent versicht déi momentan amerikanesch Aussepolitik ze verstoen.