arrow_back_ios
Aktuelles
Hannover huet de gratis ëffentlechen Transport getest
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Den 1. Mäerz, a manner wéi zwee Méint, gëtt den ëffentlechen Transport hei am Land gratis. Motivéiert dat méi Leit wéi bis elo, den Auto stoen ze loossen an op ëffentlech Verkéiersmëttelen ëmzeklammen? An der Regioun Hannover waren déi ëffentlech Transportmëttelen de leschten 30. November een Dag gratis. Tëschent 50 a 60 Prozent méi Leit wéi gewéinlech sinn deen Dag mam Bus a mat S- oder U-Bahn gefuer. E Reportage vum Maurice Molitor.