arrow_back_ios
Aktuelles
Réckbléck 2019: Klimapolitik
D'Klimapolitik huet d'Joer 2019 dominéiert. Millioune Jonker gi fir Klimaprotester op d'Strooss, déi wëssenschaftlech Rapporten iwwer d'Klimaerwiermung ginn ëmmer méi däitlech, mee op der Klimakonferenz zu Madrid gëtt bal näischt erreecht. Zu Lëtzebuerg huet d'Regierung hiren Energie- a Klimaplang presentéiert. E Réckbléck vum Pierre Reyland.