arrow_back_ios
Aktuelles
Coup de gueule Romain Schumacher
Den F91 Diddeleng wäert der Europa League haut Äddi soen - dat steet fest, egal wéi d'Partie géint Qarabag den Owend am Aserbaidschan ausgeet ... ännert awer näischt um Exploit, deen et waR, sech iwwerhaapt nees fir déi Gruppephas ze qualifizéieren. Nach ni huet e Lëtzebuerger Veräin op deem Niveau gespillt, an dat och nach zwee Joer noeneen. Trotzdem seet den Patron vum F91: "De Fussball zu Lëtzebuerg ass mausdout." De Maurice Molitor mat engem Coup de gueule vum Diddelenger President Romain Schumacher.