Aktuelles
Si schiedlech Ëmweltaflëss Schold un ëmmer méi Kriibserkrankungen?
Ëmwelt Gëfter, Stress an en ongesonde Liewensstil kënnen en Afloss op d'Ausbrieche vu Kriibs am Kierper hunn, seet den Dokter Achim Schuppert, Facharzt für Allgemeinmedizin und Naturheilverfahren zu Bonn.
Den Dokter Schuppert versicht net nëmme de Patient mat Medikamenter ze behandelen mee versicht erauszefannen, firwat de Kriibs entstanen ass. Et muss een d'Erkrankung als Ganzt gesinn. Kierper a Séil musse gesond sinn.
Op Invitatioun vun der Asbl Akut, der Patiente Vertriedung an Europa Donna, ass den Dokter Achim Schuppert fir muer den Owend zu Mënsbech invitéiert zum Thema: Brustkrebs - Bessere Ergebnisse durch ganzheitliche Behandlung bei Krebspatienten.