arrow_back_ios
Commentaire
Couragéiert, mee net duerchduecht
D'Regierung huet déi grouss Linne vum nationalen Energie- a Klimaplang ugeholl. Dëse Plang soll et erméiglechen, déi klimaschiedlech Zäregasemissioune bis 2030 staark ze reduzéieren. Decidéiert gouf ënner anerem, datt iwwernächst Joer eng CO2-Steier soll ageféiert ginn. Dat ass ouni Zweiwel een Duerchbroch, mengt d'Pia Oppel. Mee den Däiwel stécht wéi sou dacks am Detail ...