arrow_back_ios
Aktuelles
Voluntourismus: Fräiwëllegendéngscht oder Neokolonialismus?
An d'Vakanz fueren a sech donieft nach sozial engagéieren: D'Konzept vum Voluntourismus kléngt uspriechend, féiert an der Praxis awer zu massive Problemer. De Voluntourismus misst dowéinst ënnerscheet gi vun engem responsabele Volontariat, esou d'Conclusioun vun enger rezenter Tableronde, déi d'ONG ECPAT Lëtzebuerg organiséiert hat. Wat genau d'Risiken an d'Alternativen vum an zum Voluntourismus sinn, gouf thematiséiert. D'Rahel Könen war vir eis derbäi.