arrow_back_ios
Aktuelles
Nationalen Energie- a Klimaplang
Nom Klimaschutzgesetz gouf e Freideg de geplangten nationalen Energie a Klimaplang presentéiert. Virgesinn ass ënner anerem eng CO2 Steier vun 2021 un. Duerch déi proposéiert Moossname sollen d'CO2 Emissiounen hei am Land bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéiert a Lëtzebuerg bis 2050 klimaneutral ginn. D'Oppositioun huet awer no der Presentatioun vum Plang an der zoustänneger Chamberkommissioun ënner anerem kritiséiert, datt nach net genuch konkret Detailer géife virleien. Françoise Keller.