arrow_back_ios
Aktuelles
"working yet poor"
Zu Lëtzebuerg waren d'lescht Joer 13,5 Prozent vun der aktiver Bevëlkerung vun Aarmuts-Risiko betraff - den zweethéchsten Taux an der EU hanner Rumänien. Dat geet aus Donnéeë vun der europäescher Statistik-Verwaltung ervir. Ee pan-europäesche Fuerschungsprojet wëll de Grënn vum Phänomen vun de sougenannte "working poor" an enger Parti EU-Staaten op de Grond goen.