Aktuelles
Immobiliëkreditter
Iwwer 3 400 Mol gouf der ADR hire Video vum Gast Gibéryen senger Chamber-Ried vun leschter Woch op Facebook bis ewell gedeelt. Et ass en Zesummeschnëtt aus der Debatte iwwert e Gesetz, dat der Finanz-Iwwerwaachungskommissioun CSSF nei Pouvoire gëtt, dat am Zesummenhang mat den Hypothéikekreditter. Am Vidéo seet de Gast Gibéryen, datt dëst Gesetz elo de Kader setzt fir d'Banken, fir esou Kreditter ze ginn. De Video ass esou ze verstoen, datt elo vill Leit, sech keng Wunneng oder Haus méi kéinte kafen, well si kee Prêt méi géifen vun enger Bank kréien. Den Titel vum Video ass: Skandal! D'Regierung schaaft déi kléng Leit an de Mëttelstand of. An iwwer dausend Kommentaren hunn vill Leit der ADR Recht ginn, dat et e Skandal wier. Dobäi ass net gesot, dat d'Rreegelen fir d'Kreditter elo deemnächst geännert ginn.