Aktuelles
Keng nei Verfassung a kee grousse Verfassungsreferendum
Fir den Text vum Grondgesetz ze moderniséieren, sollen an den nächsten zwee Joer, a verschiddenen Etappen, nëmmen nach d'Haaptiddie vun der geplangter grousser Reform decidéiert ginn.
Dobäi géif et ëm 30 wichteg Punkte goen, déi d'Verfassung punktuell sollen ofänneren, esou de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun, den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.
Et soll also eng substantiell Revisioun vum Grondgesetz ginn, mee et wäert keng ganz nei Verfassung ginn: Dat war een Dënschdeg an der Chamber ugekënnegt ginn.
Anescht wéi et am Koalitiounsaccord vun Dezember 2018 virgesi war, ass elo och kee grousse Verfassungsreferendum méi virgesinn, an och keng Sensibliséierungs- a Explikatiounsphase fir d'Bierger.