arrow_back_ios
Aktuelles
Onofhängeg Kandidaten am britesche Wahlkampf
De Sträit iwwert de Brexit huet déi konservativ Fraktioun am britesche Parlament uerg getraff: 21 Parlamentarier goufen am September aus der Partei vum Premier Boris Johnson ausgeschloss. Si waren nämlech dergéint, datt Groussbritannien ouni een Ofkommes aus der EU austrëtt. Dräi vun hinnen triede bei de Parlamentswahle vum 12. Dezember trotzdeem nees un: An zwar als onofhängeg Kandidaten. Zwee vun hinnen, den Dominic Grieve an d'Anne Milton, huet d'Elodie Goulesque un engem Wahlkampfdag begleet.