arrow_back_ios
Aktuelles
Zukunft vun de Sozialsystemer
Pensiouns-, Kranken-, Pflegeversécherung an nach anerer - kuerz, de Prinzip vun der Sozialversécherung, ass ee vun de grousse politeschen Aquise vum 20. Joerhonnert. Wéinst der demographescher Entwécklung an dem technologesche Fortschrëtt stelle sech Froen, wéi d'Sozialversécherung och an Zukunft soll finanzéierbar sinn. Am Kader vun enger Feier fir zéng Joer Statut unique gouf de leschte Freideg iwwer d'Zukunft vun der Sozialversécherung diskutéiert. De Stephan Polet informéiert.