arrow_back_ios
Aktuelles
Google Daten-Zenter: 400 Leit op Informatiounsversammlung
Google hat d'Awunner vu Biissen invitéiert fir méi iwwer deen Daten-Zenter gewuer ze ginn, deen den amerikanesche Konzern zu Biissen wëllt bauen. Dobäi gouf kloer, zu Biissen hunn d'Leit ënnerschiddlech Meenungen iwwer dee Projet. Op der Informatiounsversammlung goufen awer vill Froe gestallt iwwer de méiglechen Impakt vun esou engem Daten-Zenter op d'Ëmwelt an d'Gesondheet. De Pierre Reyland war bei der Versammlung zu Biissen dobäi.