arrow_back_ios
Aktuelles
Matbestëmmung ass e Kannerrecht: Kanner kréien d'Wuert
Matbestëmmung ass eent vun de Kannerrechter, dat haut am Mëttelpunkt steet um Internationalen Dag vun deene Kannerrechter. De Weekend hu Kanner matgeschwat, op enger éischter Kannerkonferenz hei am Land. Dës gouf organiséiert vum Kannerbüro Wolz an dem Zentrum fir politesch Bildung. Ronn 100 Leit - Kanner, Elteren an Educateuren - hunn zesummen iwwer Kannerrechter diskutéiert. Am Virfeld vum Internationalen Dag vun de Kannerrechter haut (20.11.), war d'Rahel Könen dobäi.