arrow_back_ios
Aktuelles
Tierkesch Siidlungspolitik am Nordoste vu Syrien
Zanter dem 9. Oktober ass den Nordoste vu Syrien, no enger relativ stabiller Period no der territorialer Victoire géint den IS, leschte Mäerz erëm an de Chaos gefall. De syresche Regime, Russland an d'Tierkei sinn elo wichteg Acteuren an der syrescher Kurderegioun. Nieft de unhalenden arméierten Ausernanersetzunge fäert déi lokal Bevëlkerung dem tierkesche President Reccep Tayyep Erdogan säi Plang fir syresch Flüchtlingen an hiert Gebitt ëmzesidelen. E Reportage vum Charlotte Bruneau.