arrow_back_ios
Aktuelles
D'Infrastruktur muss weider verbessert ginn
Leschte Samschdeg hat d'Lëtzebuerger Fraen-Nationalequipe am Fussball an engem Testmatch 0:5 géint de Kosovo verluer. Et hätt een zwar gutt matgespillt, seet de Nicolas Schockmel vun der FLF, d'Spillerinnen aus dem Kosovo wieren awer kierperlech besser gewiescht an och méi séier mam Ball. De Pit Walté huet nogefrot, wou een dann usetze kéint, fir de Fraefussball hei am Land an Zukunft ze verbesseren.