Een Thema, e Buch

Michel Delage Valerija Berdi

Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Eng Famill wéi eng kleng DDR

An der fréierer DDR gouf et vill Mënschen, déi de Regimm verdaamt haten. Anerer haten dogéint laang hir Hoffnungen un de kommunistesche Staat geknäppt. Dës géigesätzlech Positioune konnten duerchaus och bannent enger selwechter Famill existéieren an openee stoussen. Dat hat virun 10 Joer de Journalist Maxim Leo, Joergang 1970, a sengem autobiografeschen Essai "Haltet euer Herz bereit. Eine ostdeutsche Familiengeschichte" (Heyne) beschriwwen. De Michel Delage stellt d'Buch vum gebiertegen Ostberliner vir.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen