Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Brian Eno - Taking Tiger Mountain (By Strategy)

Dem Brian Eno seng Carrière ass als Deel vum Bryan Ferry sengem Roxy Music ugaangen. E war awer net laang beim Glam Rock Outfit dobäi éier e 1974 seng Solo-Carrière lancéiert huet. Dat Joer huet en net eng, mee direkt zwou Placken erausbruecht. "Here Come The Warm Jets" ass am Januar verëffentlecht ginn. Eng experimentell Studio Pop Produktioun. Di zweet "Taking Tiger Mountain (By Strategy)" koum am November eraus, déi genee, wann net esouguer méi bizarre Momenter opweist. Den Jamie Reinert huet eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • Noriichten

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen