Gezeechent - d'BD vum Mount

Jeff Thoss

Eng spannend BD oder eng aussergewéinlech "graphic Novel" stelle Iech de Jeff Thoss all éischte Freideg am Mount vir. Daucht mat him an d'Welt vu de Comics an a loosst Iech verzauberen.

Frank Schmolke, Nachts im Paradies

De Frank Schmolke ass laang Joren zu München nuets Taxi gefuer. Seng Erliefnesser huet hien a senger zweeter Graphic Novel "Nachts im Paradies" verschafft.

Si erzielt d'Geschicht vum fofzeg Joer ale Vincent Kutscher, deen dagsiwwer u sengem Roman schafft an nuets seng Suen als Taxichauffer verdéngt. Et ass grad Oktoberfest zu München, sou datt de Vincent u sech liicht Spill sollt hunn. Mee hien huet vill Pech mat senge Clienten a geréit no a no an ëmmer méi onwahrscheinlech Aventuren.

Do, wou d'Graphic Novel ganz niichter trivial Virfäll aus dem Vincent sengem Liewen als Taxichauffer weist, wierkt dat immens authentesch. Dozou droen och dem Frank Schmolke seng graff, schwaarz-wäiss Zeechnunge bäi. Mee wou de Vincent bis an d'Welt vun der organiséierter Kriminalitéit erofrutscht, gëtt dat Ganzt zu enger relativ konventioneller Raibergeschicht.

Als Bléck op déi donkel Säit vun enger Stad, déi en éischter sonnege Ruff huet, lount sech dem Frank Schmolke säin "Nachts im Paradies". Mee d'Graphic Novel ass kloer do am beschten, wou se um Buedem bleift, mengt de Jeff Thoss.

Frank Schmolke, Nachts im Paradies, Edition Moderne, ISBN 978-3037311851, 250 Säiten, 29,80€.

Rezent Emissiounen

  • Frank Schmolke, Nachts im Paradies

    De Frank Schmolke ass laang Joren zu München nuets Taxi gefuer. Seng Erliefnesser huet hien a senger zweeter Graphic Novel verschafft.

  • Wage Slaves

    Eng Graphic Novel vun der polnescher Autorin Daria Bogdanska, op Schwedesch geschriwwen, entretemps op Däitsch an op Franséisch iwwersat.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen