arrow_back_ios
Aktuelles
SUV an Diesel
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
De Stroosseverkéier ass zu Lëtzebuerg dee Beräich, deen am meeschten zu den Emissioune vum Land bäidréit - souwuel wat den CO-2, wéi och allgemeng d'Treibhausgasen ugeet. Déi Bréisseler ONG-Federatioun Transport et Environement huet d'Zil, de Verkéierssecteur méi ëmweltfrëndlech ze maachen a publizéiert dowéinst reegelméisseg Etüde ronderëm dëst Thema. De Stephan Polet huet sech dräi vun deenen Etüden ugekuckt.