Commentaire
Bio garantie Made in Belgium
Fir de Konsumenten an Europa ze hëllefe Bio-Produkter méi einfach erëmzëerkennen, hat d'Europäesch Unioun deemools en eegene Bio-Label an d'Liewen geruff, mam bekannte Logo vum gréngen Blat mat klengen Stärercher. Allerdéngs kreéiere Baueren an enger Rei Memberlänner och ëmmer nees nei, eegen national Labelen. Dat ass ënner anerem an der Belsch de Fall, wou d'Unioun vun den Agro-Biologisten elo de Label "Bio garantie Made in Belgium" lancéiere wëllt. Firwat ass esou en eegenen Label iwwerhaapt néideg? D'Alice Debatis vun der RTBF huet sech mat engem Produzent vun Äppel an Biren aus der Regioun Warsange ënnerhalen. An dat matten an der Uebst-Recolte.