Aktuelles
Eng Lëtzebuergesch Studentin iwwer d'Situatioun am Chile
Zanter zwou Woche ginn am Chile Dag vir Dag Zéngdausende vu Leit op d'Strooss, fir hirer Roserei iwwer déi sozial Ongerechtegkeeten am Land Loft ze maachen. De President Pinera huet de leschte Samschdeg reagéiert: hien huet eng Regierungs-Ëmbildung a Reformen ugekënnegt. Mee d'Onroue gi virun. Gëschter huet déi chilenesch Regierung iwwerraschend den UNO-Klimasommet, deen am Dezember an der Haaptstad Santiago sollt sinn, ofgesot: ënner den aktuellen Ëmstänn wär d'Land net an der Lag, esou eng grouss Konferenz ze organiséieren. D'Hannah Fautsch ass eng Lëtzebuerger Studentin, déi als Kand schonn am Chile gelieft huet an elo fir sechs Méint zeréck op Santiago gaangen ass. Wéi erlieft si déi ablécklech Situatioun?