arrow_back_ios
Aktuelles
En ziville Statut fir Elittesportler
Virgëschter Sonndeg sinn zu Wuhan a China déi siwent Weltmilitärspiller op en Enn gaangen. 10.000 Athleten aus 110 Länner waren um Rendez-vous, an och Lëtzebuerg war mat 16 Athleten vertrueden. Dat beschte Resultat fir Lëtzebuerg kënnt vum Kugelstousser Bob Bertemes, dee mat 20 Meter 66 d'Bronzemedail gewonnen huet. Mat dobäi zu Wuhan waren och d'Lëtzebuerger Ministere fir Défense a fir de Sport François Bausch an Dan Kersch. Detailer mam Jean Claude Majerus.