arrow_back_ios
Commentaire
Wéi d'Radikalitéit nees normal ginn ass
E Sonndeg wielt dat däitscht Bundesland Thüringen en neit Regionalparlament. A fir d'zweete Kéier am leschte Mount kritt de Spëtzekandidat vun der CDU, de Mike Mohring, Mordmenacen - aus dem rietsextremen Eck. Hien ass net deen éischte Politiker, deem esou eppes geschitt. Mee en vue vun de rezenten Evenementer an Däitschland wéist dëst, wéi selbstbewosst déi extrem riets Kräften an Däitschland nees gi sinn. D'Auslandschronik vum SPIEGEL-Journalist an 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch.