Aktuelles
Vu Chengdu op Lëtzebuerg, déi nei Seidestrooss
Déi chinesesch Stad Chengdu wëllt mat der CFL-Multimodal a mat der Cargolux méi enk zesumme schaffen. Geplangt ass eng reegelméisseg Eisebunnsverbindung iwwer déi nei Seidestrooss. D'Metropol wënscht sech och, datt d'Cargolux Chengdu als nei Destinatioun festleet. Dat krut de Mobilitéitsminister François Bausch während senger Visite a China a Gespréicher mat Gemengeresponsabelen gesot. D'Stad, am Weste vu China, entwéckelt sech rasant a wëllt bis 2050 een ekologesche Park-City vun der neier Ära fir 2,6 Millioune Leit bauen. D'Carole Schimmer mat méi Detailer iwwer déi Rees.