Aktuelles
Ex US-Zaldot wëllt mat de Kurde kämpfen
Am Kader vum Réckzuch vun den US-amerikaneschen Truppen aus Nordostsyrie sinn ëm déi 500 US-Militärpersonal Richtung irakesch Grenz evakuéiert ginn, bis ewell déi gréisste Buedemoperatioun vum der amerikanescher Arméi a Syrien. Trotz dem Waffestëllstand tëschent der Tierkei an de syreschen Demokratesche Kräfte goufe weider Ausernanersetzungen observéiert - aus Amerika kennt vill Kritik géint dem Donald Trump seng Decisioun, déi amerikanesch Truppen aus Nordostsyrien zeréckzezéien, déi déi tierkesch Attacken op déi syresch Kurderegioun erméiglecht hunn. D'Charlotte Bruneau huet zu Erbil de Kemal getraff, e jonken US-Amerikaner, deen an d'Regioun gereest ass mam Zil, d'Kurden ze ënnerstëtzen.