arrow_back_ios
Aktuelles
Environnement: Intern Enquête no Vertouss géint d'Naturschutzgesetz
An Zäite vu staarkem Naturschutz ass d'Bauen an der Zone Verte méi streng gereegelt, wéi nach viru Joerzéngten. Dat weist och d'Affär Traversini, wou et ënner anerem dorëms geet, ob Aarbechten un engem Gaardenhaus an engem Naturreservat erlaabt sinn oder net.
Wann dann de Staat selwer géint d'Naturschutzgesetz verstéisst, ass dat e Problem. 100,7-Recherchen no ass dat awer am Bësch tëschent Rëmeleng an Téiteng geschitt.
En Dossier vum Jean-Claude Franck.