Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Irak: Keen Doheem méi fir vill intern Flüchtlingen

Am Irak sinn an de leschte Wochen déi meeschte Lagere fir Banneflüchtlingen an der Provënz Nineveh zougemaach ginn. Zwee Joer no der Liberatioun vu Mossul wëllt déi irakesch Regierung, datt d'Mënschen erëm zeréck an hir Provënze ginn an do zum Opbau bäidroen. Mee vill vun de Flüchtlingen ëm d'Stad Mossul kennen net heem. Well si Familljememberen hunn, déi der Terrororganisatioun Islamesche Staat bäigetruede waren, wëllen hir Communautéiten si net méi ophuelen. Si gi stigmatiséiert, haaptsächlech hir Kanner. D'Charlotte Bruneau war op der Plaz an huet mat hinne geschwat. 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen